Mokuchsdag ass en absurd-futuristescht Trëppel-, Lauschter-, an Entdeckstéck fir d’ganz Famill duerch de Pafendall. Dat jonkt Irma wunnt mat senge Gesëschter a sengem Adoptivpapp dem Lapsus schonn esou laang si denke kënnen an der schmueler, däischterer Gaass, déi duerch d’Ënnerstad féiert. Déi wëll de Ministär fir Kräsi, Gudrong an Trottoirsplacken awer elo platt maachen, well den Dall soll ëmgemodelt ginn. Mat der Geschicht am Ouer, gi mer de Spueren no, déi vun de ville legendäre Schluechten iwwereg bliwwe sinn, déi d’Ekipp Lapsus géint de Ministär geschloen huet, sammelen Indicen a loossen esou lues a lues d’Figuren an eise Käpp entstoen. Startzäiten: Donneschdes a Freides, 10. an 11. Juli, 11. an 12. September an 09. an 10. Oktober tëscht 17.30 an 18.30 Auer. Samsdes a Sonndes, 12. an 13. Juli, 13. a 14. September an 11. Oktober tëscht 10.30 an 11.30 Auer oder tëscht 15.00 a 16.00 Auer. Ënne beim Panoramalift, Kräizung Rue du Pont / Rue Laurent Menager, gëss du vun engem vun eiser Ekipp begréisst, kriss all weider Instruktiounen a kanns lassgoen. Den Tour gëtt op eege Fauscht gemaach, eleng, mat der Famill, am klenge Grupp, mee ouni Begleedung. Den Tour dauert ongeféiert 2 Stonnen. AN ELO? 1. Mell dech hei un: mokuchsdag@mailbox.org 2. Lued d’Kapitele vun der Geschicht op däin Trëppeltelefon. 3. Pak deng Kopfhörer, e Bic oder Bläistëft (vläit och eng Wäschklamer) an, an do Schong un, an deenen s de d'Féiss net wéi kriss. 4. Komm um Dag selwer op de Rendez-vous, wou s du vun engem vun eis e Plang a weider Instruktioune kriss. Ausserhalb vun de fixen Zäiten an Deeg ass d’Lauschterstéck eleng, ouni Spueresich, natierlech och disponibel. Lued HEI d’Kaart erof. Et schwätzen a spillen: Irma: Nell Hilbert Bobby: Ellie Urbany Rosa: Taika Viinamäki Tun: Theophile Pernot Schiltz Lapsus: Steve Karier Mamm: Nora Koenig Momo: Konstantin Rommelfangen Wëllem: Etienne Halsdorff Stëmm: Anne Simon Regie: Anne Simon Installatiounen: Clio van Aerde Text, Musek an Audio-Montage: Claudine Muno Opnam a Mix: Unison Studios Assistenz: Lea Lieser
Lauschter: um Wee vum Sculpture Parc bis bei de LUGA Gaart 27 (Après l'effondrement)
Lauschter: um Wee vum Sculpture Parc bis bei de Pescatore
Lauschter: um Wee mam Lift erop bis bei de Sculpture Parc
Lauschter: um Wee vum Waasserfall bis bei den Théiwesbuer
Lauschter: vun der Rue Mohrfels bis bei de Sentier de l'espérance
Lauschter: um Wee vun der Spillplaz bis bei d'Rue Mohrfels
Lauschter: Um Wee vun der Foussgängerbréck bis bei d'Boulderhaus.
If you've ever wanted to know about champagne, satanism, the Stonewall Uprising, chaos theory, LSD, El Nino, true crime and Rosa Parks, then look no further. Josh and Chuck have you covered.
The latest news in 4 minutes updated every hour, every day.
Does hearing about a true crime case always leave you scouring the internet for the truth behind the story? Dive into your next mystery with Crime Junkie. Every Monday, join your host Ashley Flowers as she unravels all the details of infamous and underreported true crime cases with her best friend Brit Prawat. From cold cases to missing persons and heroes in our community who seek justice, Crime Junkie is your destination for theories and stories you won’t hear anywhere else. Whether you're a seasoned true crime enthusiast or new to the genre, you'll find yourself on the edge of your seat awaiting a new episode every Monday. If you can never get enough true crime... Congratulations, you’ve found your people. Follow to join a community of Crime Junkies! Crime Junkie is presented by audiochuck Media Company.
The Clay Travis and Buck Sexton Show. Clay Travis and Buck Sexton tackle the biggest stories in news, politics and current events with intelligence and humor. From the border crisis, to the madness of cancel culture and far-left missteps, Clay and Buck guide listeners through the latest headlines and hot topics with fun and entertaining conversations and opinions.
Current and classic episodes, featuring compelling true-crime mysteries, powerful documentaries and in-depth investigations. Follow now to get the latest episodes of Dateline NBC completely free, or subscribe to Dateline Premium for ad-free listening and exclusive bonus content: DatelinePremium.com