All Episodes

June 12, 2017 3 mins
Nodeems mir eis déi läscht Episoden iwwert Shitstorms an Trolls geschwat hunn, schwätze mir haut direkt iwwert e weidert Thema, dat BEE SECURE am Kader vu senger SHARE RESPECT – Stop online hate Speech-Campagne lancéiert huet. Dëse Mount geet et am Dossier nämlech ëm d‘Thema „rechtlech Konsequenzen“. Wann een iwwer rechtlech Konsequenze vun Hate Speech schwätzt, muss een vläicht als éischt iwwer Meenungsfräiheet schwätzen. Dacks gëtt Meenungsfräiheet esou verstanen, datt se bedeite géif, et dierft een alles soen. Mä kee vun eise Rechter kënnt ouni Barrièren aus – mäi Recht geet ëmmer nëmmen esou wäit, wéi ech net d‘Rechter vun anere verletzen. Hate Speech ass zu Lëtzebuerg keng extra Stofdot, mä dofir ginn et e puer Artikele vum Code Pénal, mat deenen Hate Speech verfollegt gëtt. Am wichtegsten ass d‘Kapitel Sechs vum Code Pénal. Doranner steet, datt et zwee Elementer muss ginn, fir datt een eng strofrechtlech Relevant Diskriminéierung begeet: Et muss Ustëftung zum Haass oder zur Gewalt sinn, déi sech géint eng speziell Grupp oder Persoun riicht. Ausserdeem muss déi Ustëftung ëffentlech verbreet ginn. Ustëftung zum Haass heescht, datt d‘Aussoen hir Lieser dozou brénge sollen, eng Persoun oder Grupp wéinst Eegenschafte wéi Hierkonft, Hautfaarf, Geschlecht, sexuell Orientéierung an sou weider ze haassen oder hinne Gewalt unzedoen. A wéini ass eng Ausso dann elo ëffentlech? Wann d‘Geriichter déi Fro beäntwerten, kucken se net op d‘Privatsphärastellungen vun engem sozialen Netzwerk, mä op de Grupp vu Leit, déi eng Ausso gesinn hunn. Wann et op mannst 150 Leit sinn, gëllt eng Ausso zu Lëtzebuerg als ëffentlech. Strofrechtlech relevant kënnen also och Aussoen an enger privater Facebook-Grupp sinn, déi just fir Memberen op ass. Op Ustëftung zum Haass stinn héich Strofen: bis zu aacht Joer Prisong an oder Geldstrofe vu bis zu 25.000 € si méiglech. A wat kann ee maachen, wann een Hate Speech am Internet gesäit? Vill sozial Netzwierker hunn eng Funktioun, bei där een Hate Speech melle kann. Et ass wichteg, datt een sech Zäit hëlt an hei déi richteg Kategorie auswielt. Leider hu vill sozial Netzwierker hire Setz an den USA an halen sech un déi amerikanesch Opfaassung vu Meenungsfräiheet, déi vill méi wäit geet wéi an Europa. Wa vill Leit Contenu mellen, gesinn Netzwierker wéi Facebook oder Twitter, datt ee Problem besteet. Et sollt een sech also och net vu Réckschléi enttäusche loossen. Donieft gëtt et d‘Méiglechkeet, Hate Speech bei der BEE SECURE Stopline ënnert stopline.bee-secure.lu ze mellen. All Fall gëtt gepréift. Wann sech de Verdacht op Hate Speech bestätegt, gëtt de Fall un d‘Police weidergeleet. Weider Informatiounen zum Thema Hate Speech an de legale Kader fannt dir op bee-secure.lu
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

24/7 News: The Latest
Crime Junkie

Crime Junkie

Does hearing about a true crime case always leave you scouring the internet for the truth behind the story? Dive into your next mystery with Crime Junkie. Every Monday, join your host Ashley Flowers as she unravels all the details of infamous and underreported true crime cases with her best friend Brit Prawat. From cold cases to missing persons and heroes in our community who seek justice, Crime Junkie is your destination for theories and stories you won’t hear anywhere else. Whether you're a seasoned true crime enthusiast or new to the genre, you'll find yourself on the edge of your seat awaiting a new episode every Monday. If you can never get enough true crime... Congratulations, you’ve found your people. Follow to join a community of Crime Junkies! Crime Junkie is presented by audiochuck Media Company.

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show. Clay Travis and Buck Sexton tackle the biggest stories in news, politics and current events with intelligence and humor. From the border crisis, to the madness of cancel culture and far-left missteps, Clay and Buck guide listeners through the latest headlines and hot topics with fun and entertaining conversations and opinions.

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.