All Episodes

September 25, 2017 3 mins
Instagram ass een vun deene beléiftste sozialen Netzwierker, virun allem bei Jugendlechen. An Éisträich sinn et zum Beispill 65 Prozent vun de Jugendlechen, déi Instagram benotzen, méi wéi zum Beispill Facebook. Och zu Lëtzebuerg wäert d‘Situatioun ganz ähnlech ausgesinn. Natierlech vernetzt een sech op der Foto-Plattform net nëmmen ënnereneen, mä abonnéiert och Stars a Blogger. Déi beschäftegen sech dacks mat Theme wéi Fitness, Moud, Lifestyle, Ernärung, asw. Verschidde vun den Instgram-Stars hu méi Follower wéi sou munch grouss Fernsehsendungen Aschaltquoten. Do ass et kloer, datt Firme probéieren, iwwert déi Profiler un hir jonk Zilgrupp ze kommen. Dat geschitt dacks a Form vu Kooperatiounen: d‘Instagram-Starts kréien een Produit an maachen op hire Fotoe Reklamm dofir. Allerdéngs muss dës Reklamm vum Gesetz hir gekennzeechent sinn, soss ass et nämlech „Schleichwerbung“. An der läscht gouf et zu dem Thema eng Réi Prozesser an Däitschland. D‘Oberlandesgericht Celle huet elo festgestallt, datt et net duer geet, just een Hashtag wéi #ad oder #sponsored ënnert een Post ze stellen. Virun allem dann net, wann deen Hashtag um Schluss vum Beitrag an där üblecher Oplëschtung vun ganz villen Hashtags ënnergeet. Et muss nämlech op den éischte Bléck ze erkenne sinn, datt en Beitrag gesponsert ass. Dat ass op mannst d‘Situatioun an Däitschland. Mä wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus? Déi Fro léisst sech just schwéier beäntwerten. Et gëtt zwar een Gesetz, dat Schleichwerbung verbitt, mä dat bezitt sech just op Fernsehsendungen. Wien sech zu Lëtzebuerg dozou entscheet, sougenannt „gesponsert Beiträg“ op Instagram ze publizéieren, sollt sech op alle Fall virdru gutt informéieren a berode loossen. Sou Beiträg sollten däitlech als Reklamm kennzeechent ginn, fir kee Risiko anzegoen. Mä vläicht sollte mir souwisou driwwer nodenken, wat den Dram „Instagram-Model“ eigentlech heescht. Eleng vun engem Instagram-Account an de Revenuë vu Reklammen ze liewen, wäert fir déi allermeescht ëmmer een Dram bleiwen – op et am klenge Lëtzebuerg iwwerhaapt méiglech ass, ass ze bezweifelen. An och wann een op Instagram den Androck kritt, sou „Stars“ hätten een einfacht, flott Liewen, ass dat net déi ganz Wourecht: Ee Model-Job ass een haarde Beruff, deen och dacks heescht, datt een grouss Stécker vu senger Privatsphär opgi muss. Generell sollt en sech als User op Instagram ëmmer e puer Froe stellen. Zum Beispill, wisou Firmen op Instagram probéieren, méiglechst verstoppt Reklamm ze maachen an wien se domadder erreeche wëllen. Och d‘Fro, wat hannert den perfekt inzeenéierten Fotoe stécht, sollt sech gestallt ginn. Een weidere wichtegen Aspekt ass déi eege Privatsphär: Wat fir Fotoe stellen ech online an wien kann domadder wat fir Réckschlëss op mäi Privatliewen zéien? Weider Informatiounen zum Thema an Links zu engem Privatsphär-Leitfaden fir Instagram fannt dir op bee-secure.lu
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

Stuff You Should Know
Dateline NBC

Dateline NBC

Current and classic episodes, featuring compelling true-crime mysteries, powerful documentaries and in-depth investigations. Special Summer Offer: Exclusively on Apple Podcasts, try our Dateline Premium subscription completely free for one month! With Dateline Premium, you get every episode ad-free plus exclusive bonus content.

On Purpose with Jay Shetty

On Purpose with Jay Shetty

I’m Jay Shetty host of On Purpose the worlds #1 Mental Health podcast and I’m so grateful you found us. I started this podcast 5 years ago to invite you into conversations and workshops that are designed to help make you happier, healthier and more healed. I believe that when you (yes you) feel seen, heard and understood you’re able to deal with relationship struggles, work challenges and life’s ups and downs with more ease and grace. I interview experts, celebrities, thought leaders and athletes so that we can grow our mindset, build better habits and uncover a side of them we’ve never seen before. New episodes every Monday and Friday. Your support means the world to me and I don’t take it for granted — click the follow button and leave a review to help us spread the love with On Purpose. I can’t wait for you to listen to your first or 500th episode!

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.