All Episodes

January 29, 2018 2 mins
Dir hutt sécher schonn vun Kryptowärungen héieren. Déi bekanntsten ass Bitcoin, déi jo am Dezember vum läschte Joer eng richteg Aachterbunnfahrt vis-à-vis vum Dollar higeluecht huet. Een vun de Grënn, wisou vill Leit op déi virtuell Währung opmierksam gi sinn. Een aneren ass, datt déi meescht Kryptowärungen – et ginn der mëttlerweil eng Hellewull – quasi aus dem Näischt erschaffe kënne ginn. Amplaz vu Banken gëtt et nämlech een dezentralen System, un dem sech all User bedeelegen kënnen. Hei gëtt dann mat engem kryptographeschen Prozess all Transaktioun validéiert. Dobäi kritt een als Belounung dann och vun Zäit zu Zäit eng Unitéit vun der virtueller Währung, zum Beispill Bitcoin. Dëse Prinzip probéiert dann elo och eng nei Zort vu Malware auszenotzen, nämlech déi sougenannt Kryptominer. Domadder gi Programmer bezeechent, déi d‘Rechenpower vun engem Computer notzen, fir domadder Unitéiten vu Kryptowärung ze generéieren, wat een „minen“ nennt. Allerdéngs kommen déi Suen net dem User vum Computer ze gutt, mä eben deenen Kriminellen, déi d‘Malware verbreeden. Schonn am Summer gouf et Berichter, datt op verschiddenen Websäiten esou Kryptominer agesat géife ginn, déi domadder Reklammen ersetzen wollten. Elo geet dat ganz awer nach e Schratt méi wäit an d‘Software probéiert, sech um Computer vum Affer ze installéieren, fir dann do stänneg Rechenleeschtung ze schmarotzen. Verbreet gëtt Software iwwert Short-Links-Servicer. Dir hutt esou Links sécher scho gesinn: mat Servicer wéi bit.ly oder ad.fly ass et méiglech, aus ganz laangen Adressen vill méi kuerzer ze maachen. Leider bréngt dat och mat sech, datt domadder och relativ einfach Malware verbreet ka ginn. Weltwäit sollen schonn 15 Milliounen Computeren mat der Malware infizéiert sinn, déi d‘Kryptowährung Monero „mined“. D‘Dateien sollten wuel dacks sou benannt sinn, wéi wann se vu Säite géif kommen, déi illegal Downloads ubitt. Fir sech ze schützen sollt een also engersäits säi Virescanner aktualiséieren an anerersäits gutt oppassen, wat een esou installéiert. Maacht keng .exe-Fichieren op, vun deenen dir net sécher sidd, wouhier ze kommen. D‘Gefor, datt sech Malware dohannert verstoppt, ass grouss. Fir weider um Courant ze bleiwen, wat Internetsécherheet ugeet, hunn ech och nach een Tipp fir iech: Liked BEE SECURE op Facebook, abonnéiert dëse Podcast an gitt reegelméisseg op bee-secure.lu. Quell: heise.de
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

24/7 News: The Latest
Crime Junkie

Crime Junkie

Does hearing about a true crime case always leave you scouring the internet for the truth behind the story? Dive into your next mystery with Crime Junkie. Every Monday, join your host Ashley Flowers as she unravels all the details of infamous and underreported true crime cases with her best friend Brit Prawat. From cold cases to missing persons and heroes in our community who seek justice, Crime Junkie is your destination for theories and stories you won’t hear anywhere else. Whether you're a seasoned true crime enthusiast or new to the genre, you'll find yourself on the edge of your seat awaiting a new episode every Monday. If you can never get enough true crime... Congratulations, you’ve found your people. Follow to join a community of Crime Junkies! Crime Junkie is presented by audiochuck Media Company.

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show. Clay Travis and Buck Sexton tackle the biggest stories in news, politics and current events with intelligence and humor. From the border crisis, to the madness of cancel culture and far-left missteps, Clay and Buck guide listeners through the latest headlines and hot topics with fun and entertaining conversations and opinions.

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.