All Episodes

June 20, 2017 3 mins
Wéi ech mäin alleréischte BEE SECURE-Podcast opgeholl hunn, war et grad decidéiert ginn: de Roaming an der EU sollt ofgeschaaft ginn. An elo, am Juni 2017, ass et endlech esouwäit. Ween am europäeschen Ausland den Handy benotzt, muss dofir net méi bezuele wéi doheem. Et ginn awer trotzdeem e puer Saachen, ob déi dir oppasse sollt. Mir sinn all drun gewinnt, datt déi europäesch Reegelen ëmmer e bëssi méi komplizéiert sinn, wéi mir dat op den éischte Bléck erwaarden. Esou ass et elo och beim Roaming. Mä keng Angscht, sou schlëmm ass et am Fong net. Grondsätzlech gëllt zanter dem leschten Donneschdeg, datt dir an der ganzer EU fir den selwechten Tarif wéi doheem telefonéieren, SMSen schreiwen an den mobillen Internet benotzen dierft. Zousätzlech gëllt dës Bestëmmung nieft den 28 EU-Länner och fir Island, Liechtenstein a Norwegen. Allerdéngs ginn et Limitten. Fir ze verhënneren, datt Leit sech eng SIM-Kaart mat engem extrem bëllegen Tarif am europäeschen Ausland kafen an just nach déi benotzen, sinn déi Limitte virun allem zäitlech. Spéitstens no véier Méint däerf den Operateur een zousätzleche Forfait verlaangen. Deelweis ginn et och sougenannt „fair use“-Reegelungen an de Kontrakter vun den Operateuren. Dat heescht, datt een zum Beispill just een Deel vu sengem Kontinent vun Donnéeën däerf am europäeschen Ausland benotzen. Dofir ass et eng gutt Iddi, sech säin aktuelle Kontrakt gutt duerchzeliesen. Besonnesch dann, wann se elo rezent geännert goufen. Verschidden Operateuren hunn elo hir Tariffer geännert. Eng Erhéijung vum Basis-Tariff muss de Client net akzeptéieren, mä kann innerhalb vun 30 Deeg aus dem lafende Kontrakt erausklammen. Ween Problemer mat sengem Operateur huet oder mengt, hie wier wéinst de neie Roaming-Tariffer iwwert den Dësch gezu ginn, kann sech beim Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) mellen. Zum Schluss dann nach eng wichteg Informatioun, déi een bei der Freed iwwert déi nei Reegelung vläicht vergiesse kéint: Se gëllt just an der EU an an Island, Liechtenstein an Norwegen. Op all anere Kontinenter a Länner wéi zum Beispill der Schwäiz ginn et weider speziell Roaming-Tariffer, déi ganz deier kënne ginn. Ween op Zürech, New York oder Hongkong an d‘Vakanz fiert, muss entweder op WLAN zeréckgräifen oder sech ee spezielle Package fir d‘Rees vu sengem Operateur buchen. Eng aner Méiglechkeet ass et, sech eng Prepaid-SIM op der Destinatioun ze kafen. Natierlech bleift awer och ëmmer den Tipp vu menger Säit, an der Vakanz net ze vill op den Handy ze kucken an seng fräi Zäit ze genéissen. Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir wéi gewinnt op bee-secure.lu Links: ILR: Detaillierte Informationen der Regulierungsbehörde Europäische Kommission: End of roaming charges for travellers in the EU in 2017 Updated Questions and Answers ULC warnt luxemburgische Mobilfunkanbieter
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

24/7 News: The Latest
Crime Junkie

Crime Junkie

Does hearing about a true crime case always leave you scouring the internet for the truth behind the story? Dive into your next mystery with Crime Junkie. Every Monday, join your host Ashley Flowers as she unravels all the details of infamous and underreported true crime cases with her best friend Brit Prawat. From cold cases to missing persons and heroes in our community who seek justice, Crime Junkie is your destination for theories and stories you won’t hear anywhere else. Whether you're a seasoned true crime enthusiast or new to the genre, you'll find yourself on the edge of your seat awaiting a new episode every Monday. If you can never get enough true crime... Congratulations, you’ve found your people. Follow to join a community of Crime Junkies! Crime Junkie is presented by audiochuck Media Company.

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show. Clay Travis and Buck Sexton tackle the biggest stories in news, politics and current events with intelligence and humor. From the border crisis, to the madness of cancel culture and far-left missteps, Clay and Buck guide listeners through the latest headlines and hot topics with fun and entertaining conversations and opinions.

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.