All Episodes

July 24, 2017 3 mins
Dir hutt et sécher matkritt. A Groussbritannien hunn sech 20.000 User verflicht, Festival-Toiletten ze botzen. An dat fräiwëlleg. Si haten d‘EULA net gutt gelies. Mä kommt mir fänke vu vir un. Et geet ëm déi britesch Firma „purple“, déi gratis WLAN-Hotspots op der ganzer britescher Insel ubitt. Si huet fir EULA, also hiren End User Licence Agreement, iwwerschafft. Am Kader vun enger europäescher Directive sollen déi legal Dokumenter bei WLAN-Ubidder, déi heiansdo och Allgemeine Geschäftsbedingungen (AGB) oder Terms of Service heeschen, méi user-frëndlech gestalt ginn. Purple huet hiert Dokument, dat iwwer 1600 Wierder hat, op 260 Wierder gekierzt. An dobäi hunn si sech geduecht, si géife mol testen, wéi vill Leit sou eng EULA eigentlech liese géifen. An hunn dra geschriwwen, datt all purple-User sech zu 1000 Stonnen „Community Service“, also gemengnëtzeger Aarbecht verflicht. Als Beispiller fir sou Aarbecht huet purple genannt: Festival-Toilette botzen, Hondsdreck am Park oprafen, Katzen an Hënn ouni Doheem heemelen oder och nach d‘Haiser vu Schlécke molen. Zimlech verréckt an abstrus also. Während den zwou Wochen, wou den Test gelaf ass, huet sech just eng eenzeg Persoun gemellt, déi fonnt huet, datt do eppes net stëmme kéint. An et ass jo net verwonnerlech, déi mannst vun eis wäerten déi komplizéiert Dokumenter, déi dacks och nach a ganz klenger Schrëft ugewise ginn oder onlieserlech duerchgoend a CAPS LOCK geschriwwe sinn, komplett duerchliesen. An och wann een dat mécht: Et muss een scho bal Droit studéiert hunn, fir alles ze verstoen. Fir de normalen User ass et en plus och nach schwiereg erauszefannen, ob eng EULA vun enger US-Firma an Europa iwwerhaapt an alle Punkte legal ass. Allerdéngs stinn dacks Saachen an deenen Agreementer, déi Konsequenze kënnen hunn: Verschidde Siten, ob deenen ee Fotoen eropluede kann, kréie mat der EULA d‘Recht, déi Fotoen ze benotzen oder esouguer ze verkafen – ouni datt de User je ee Cent géif kréien. Aner Servicer loossen et net zou, datt een seng Donnéeën oder säin Account erëm läscht. Et wier also gutt, een Iwwerbléck iwwert d‘EULA ze hunn, iert een sech umellt. Wéi kann een sech dann elo iwwert eng EULA, AGBs oder Terms of Service informéieren, ouni mussen Droit ze studéieren?Et gëtt Säiten, wou Leit legal Dokumenter an einfacherer Sprooch zesummenfassen. Eng heescht zum Beispill tldrlegal.com. Do fënnt een zum Beispill eng Analys vun den Terms of Service vu Facebook. An anersäits fannt dir de Factsheet zu EULA op bee-secure.lu an eisem Dossier iwwert Cloud. Quellen: heise.de: 22.000 Hotspot-Nutzer willigen ins Toilettenputzen ein purple.ai 22,000 people willingly agree to community service in return for free WiFi
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

24/7 News: The Latest
Crime Junkie

Crime Junkie

Does hearing about a true crime case always leave you scouring the internet for the truth behind the story? Dive into your next mystery with Crime Junkie. Every Monday, join your host Ashley Flowers as she unravels all the details of infamous and underreported true crime cases with her best friend Brit Prawat. From cold cases to missing persons and heroes in our community who seek justice, Crime Junkie is your destination for theories and stories you won’t hear anywhere else. Whether you're a seasoned true crime enthusiast or new to the genre, you'll find yourself on the edge of your seat awaiting a new episode every Monday. If you can never get enough true crime... Congratulations, you’ve found your people. Follow to join a community of Crime Junkies! Crime Junkie is presented by audiochuck Media Company.

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show. Clay Travis and Buck Sexton tackle the biggest stories in news, politics and current events with intelligence and humor. From the border crisis, to the madness of cancel culture and far-left missteps, Clay and Buck guide listeners through the latest headlines and hot topics with fun and entertaining conversations and opinions.

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.