All Episodes

January 8, 2018 2 mins
An, sidd dir gutt an dat néit Joer eragerëtscht? Hoffentlech hat dir e puer flott Feierdeeg an hutt mat deenen gefeiert, déi iech am wichtegsten sinn. Vläicht louch ënnert dem Bam jo och dat een oder aanert elektronescht Gerät. Dat wier e gudde Moment, fir e puer gutt Virsätz mat an dat néit Joer ze huelen. Mä och wann dir kee neien Laptop oder Handy geschenkt krut, kënnt dir iech gutt Virsätz huelen fir 2018 méi sécher am Internet ënnerwee ze sinn. Den éischten Virsaz ass schwiereg, well en Reegelméissegkeet viraussetzt. Dir wësst sécher schonn, wat ech mengen: Backups! Am beschte wier et, wann dir reegelméisseg, zum Beispill all Woch een Backup op eng extern Festplatt oder an d‘Cloud géift maachen. Wann dir de Backup an d‘Cloud maacht, sollt deen allerdéngs verschlësselt sinn – net, dat aner Leit un är Donnéeën kommen. Et kann een sech awer och d‘Liewe méi einfach maachen an een speziellen Backup-Programm installéieren, deen een drun erënnert, Backups ze maachen. Deen këmmert sech dann och dorëms, datt just déi Fichieren kopéiert ginn, déi sech geännert hunn oder déi nei dobäi komm sinn. Sou dauert den Backup net all Kéiers fuerchtbar laang. Een zweete gudde Virsaz, deen ech iech géif proposéieren, wier 2018 een Passwuert-Manager ze benotzen. Dëst ass ee Programm, deen all är Passwierder verwalt an se automatesch bei Websäiten agëtt. Dir musst dann net méi bei all Service dat selwecht Passwuert benotzen, well den Passwuert-Manager sech sécher an laang Passwierder fir iech ausdenke kann. Natierlech musst dir dofir als éischt bei all Service d‘Passwuert wiesselen. Mä den Ufank vum Joer ass jo eng gutt Geleeënheet, fir iwwert all seng Accounts nozedenken an vläicht och deen een oder aneren ze läschen. Den drëtten Virsaz ass een, deen dir hoffentlech alleguerten schonn befollegt: Maacht Updates. Wann dir äre Computer esou astellt, datt en automatesch Updates mécht, kënnt dir roueg schlofen an musst iech keng Gedanken dorëms maachen, op äre Maschinn vunerable ass. Viru kuerzem sinn Informatiounen iwwert den Meltdown- an den Spectre-Bug erauskomm, déi erëm eng Kéier gewisen hunn, wéi wichteg Updates sinn. D‘nächst Woch wäert ech méi genee iwwert deen Bug schwätzen. Dann hätt ech awer nach een véierten gudde Virsaz fir iech. Deen huet net esou vill mat Astellungen ze dinn, mä méi mat ärer Attitüd. D‘Feld vun der Internetsécherheet gëtt ëmmer méi komplex, dofir ass et wichteg, um Ball ze bleiwen. Dofir: Liked BEE SECURE op Facebook, abonnéiert dëse Podcast an gitt reegelméisseg op bee-secure.lu an informéiert iech.
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

24/7 News: The Latest
Crime Junkie

Crime Junkie

Does hearing about a true crime case always leave you scouring the internet for the truth behind the story? Dive into your next mystery with Crime Junkie. Every Monday, join your host Ashley Flowers as she unravels all the details of infamous and underreported true crime cases with her best friend Brit Prawat. From cold cases to missing persons and heroes in our community who seek justice, Crime Junkie is your destination for theories and stories you won’t hear anywhere else. Whether you're a seasoned true crime enthusiast or new to the genre, you'll find yourself on the edge of your seat awaiting a new episode every Monday. If you can never get enough true crime... Congratulations, you’ve found your people. Follow to join a community of Crime Junkies! Crime Junkie is presented by audiochuck Media Company.

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show. Clay Travis and Buck Sexton tackle the biggest stories in news, politics and current events with intelligence and humor. From the border crisis, to the madness of cancel culture and far-left missteps, Clay and Buck guide listeners through the latest headlines and hot topics with fun and entertaining conversations and opinions.

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.