All Episodes

June 26, 2017 3 mins
Et ass eng Situatioun, déi vill vun eis wahrscheinlech kennen: Kuerz kucken, wien do grad eng Noriicht geschriwwen huet oder esouguer bei enger rouder Luucht séier äntweren. Obwuel een weess, datt een dat net soll, berouegt een säi schlecht Gewëssen da mat Sätz wéi „Ech maachen dat jo just, wann et wierklech wichteg ass“. Et muss een awer bedenken, datt mëttlerweil schonn Ee vun Zéng Accidenter dorobber zeréck gefouert gëtt, datt de Chauffeur mat sengem Handy beschäftegt war. De Risiko fir een Accident klëmmt ëm dat Dräifacht, wann een de Smartphone um Steier benotzt. Dat läit dorunner, datt een „kuerze Bléck“ op den Handy ëmmer vill méi laang dauert wéi een dat selwer géif mengen. Doduerch ginn all d‘Reaktiounzäiten verlängert. Jee méi séier een ënnerwee ass, ëmsou méi wäit fiert den Auto, iert een eng Gefor gesäit an iwwerhaapt eng Chance huet, op d‘Brems ze klammen. Jee nodeem, a wat fir engem Zoustand d‘Strooss ass, ass de Bremswee nach méi laang. Grondsätzlech sollt een beim Fuere folgend Tuyaue beuechten: Um Steier net telefonéieren, Message schreiwen oder soss eng App benotzen virum Fortfueren den Handy op „Net steiren“, also „do not disturb“ stellen, fir guer net an d‘Versuchung ze kommen Wann dir ugeruff gitt an et ass esou dringend, datt et net waarde kann, bis dir ukomm sidd, gitt ärem Bäifuerer den Handy oder fuert op eng Parkplaz an telefonéiert do. Mä weder d‘Pannesträif nach eng rout Luucht sinn gutt Plazen, fir ze telefonéieren. Wann dir selwer eng Persoun urufft, déi grad um Steier setzt, hänkt erëm an an rufft méi spéit erëm un. Och Navigatiouns-App sollt dir just da benotzen, wann se wierklech néideg sinn. Och déi lenken nämlech vun der Strooss of. Kee Gespréich, keng WhatsApp-Noriicht an och kee Facebook-Status ka jeemools esou wichteg sinn, datt et sech lount, dat eegent Liewen dofir op d‘Spill ze setzen. Oder eben d‘Liewe vun engem aneren – wann dir am Auto setzt, sinn iech Foussgänger an Vëlosfuerer ausgeliwwert. Ëmgedréint gëllt awer och fir déi: Prinzipiell sollten d‘Autoen zwar Récksiicht huelen, mä et ass trotzdeem eng gutt Iddi, NET op den Handy ze kucken, wann een iwwert een Zebrasträife geet. Natierlech passen sech och d‘Hiersteller vu Smartphones an Apps un déi nei Situatioun an Geforen un. Apple huet elo zum Beispill ugekënnegt, datt déi nächst Versioun vun iOS mat engem Feature kënnt, deen automatesch erkenne soll, wann den Handy an engem Auto ass. Et kann een an den Astellungen auswielen, datt een an dem Fall net gesteiert wëll ginn – da schalt sech den Display automatesch während der Faart aus. Allerdéngs léisst sech de Feature och ausschalten – an ob den iPhone tëschent Chauffeur, Bäifuerer oder esouguer enger Persoun, déi am Bus setzt, ënnerscheede kann, ass éischter ze bezweifelen. Och fir Android ginn et schonn Apps, déi ähnlech Funktiounen hunn. Am einfachsten ass et awer, den Handy einfach an den „Do not disturb“-Modus ze setzen an fir déi Zäit, an där een Auto fiert, net gesteiert ze ginn. Ween sech nach méi intensiv mat der Sécherheet beim fueren ausernee setze wëll, dee kann dëse Samschden, den 1. Juli, op Kolmer-Bierg op den Young Drivers Day. Do ginn et de ganzen Dag Workshops, wou een ganz vill Saachen iwwert séchert Fuere leiere kann. Umelle kann een sech ënnert Safteydays.lu A wien einfach méi iwwert Internetsécherheet a gesonden Ëmgang mat Technik gewuer wëll ginn, kann dat wéi gewinnt op bee-secure.lu maachen. Links: Security made in Luxembourg: Sur la route, soyez smart sans phone! Young Drivers Day Zeit.de: Apple will Autofahrer erziehen
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

Stuff You Should Know
Dateline NBC

Dateline NBC

Current and classic episodes, featuring compelling true-crime mysteries, powerful documentaries and in-depth investigations. Special Summer Offer: Exclusively on Apple Podcasts, try our Dateline Premium subscription completely free for one month! With Dateline Premium, you get every episode ad-free plus exclusive bonus content.

On Purpose with Jay Shetty

On Purpose with Jay Shetty

I’m Jay Shetty host of On Purpose the worlds #1 Mental Health podcast and I’m so grateful you found us. I started this podcast 5 years ago to invite you into conversations and workshops that are designed to help make you happier, healthier and more healed. I believe that when you (yes you) feel seen, heard and understood you’re able to deal with relationship struggles, work challenges and life’s ups and downs with more ease and grace. I interview experts, celebrities, thought leaders and athletes so that we can grow our mindset, build better habits and uncover a side of them we’ve never seen before. New episodes every Monday and Friday. Your support means the world to me and I don’t take it for granted — click the follow button and leave a review to help us spread the love with On Purpose. I can’t wait for you to listen to your first or 500th episode!

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.