All Episodes

August 7, 2017 3 mins
Et ass Summer an domadder och Vakanzenzäit. Vill vun eis gënnen sech eng Auszäit un enger Plaz um Mier, an do ass deen een oder anere Besuch op der Plage dann och ageplangt. Nieft der Loftmatrass, dem Handduch an der Schëpp, fir eng Sandbuerg ze bauen ass bei ville Leit och de Smartphone am Gepäck. D‘Plage ass awer keen esou frëndlechen Environnement fir een Smartphone. Engersäits ass do d‘Sonn, déi net esou gesond fir den Handy ass. Engersäits gëtt den Akku méi séier eidel an kann esouguer iwwerhëtzen, wann de Smartphone an der praller Sonn läit. An anerersäits kann och den Display futti goen, wann en ze vill Sonn ofkritt. Et gëtt dowéinst geroden, den Handy an der Posch oder ënnert engem Duch ofgedeckt ze loossen an dorobber opzepassen, datt d‘Gerät net ze vill direkt Sonn ofkritt. Wann äre Smartphone ufänkt, onnatierlech waarm ze ginn an sech net méi ofkillt, maacht en besser aus an huelt – wann dat geet – den Akku eraus. Ee Smartphone, deen ze waarm ginn ass, sollt sech am Normalfall vum selwen ofschalten, mä dat heescht net, datt een net virsiichteg sollt sinn – déi automatesch Ofschaltung klappt nämlech net ëmmer. Nieft der Hëtzt ginn et zwee weider Elementer op der Plage, déi dem Smartphone net gutt doen: d‘Waasser an de Sand. Wat geschitt, wann den Handy naass gëtt, muss ech wahrscheinlech net extra erklären – et ass am Reegelfall keng gutt Iddi, dem Smartphone wëlle schwamme bäizebréngen. Och Sand kann den Display zerkrazen oder d‘Kontakter vum USB-Port futti maachen. Wien den Handy also mat un de Strand wëll huelen, kann sech eng speziell Tiitche kafen, déi waasserdicht ass an den Smartphone viru Waasser a Sand schützt. Wien keng Sue wëll ausginn, kann och eng Zip-Lock-Tuut huelen, an där een soss Saache mécht, déi een am Tiefkühler wëll afréieren. Et ginn natierlech och sougenannt „Outdoor“-Handyen, déi speziell dorobber ausgeluecht sinn, den Elementer Paroli ze bidden an déi och op der Plage eng besser Figur maache wéi déi „normal“ Smartphones. Dës sinn awer relativ deier – wien net grad all puer Woche grouss Tier an der Natur mécht, brauch wuel keen extra Outdoor-Handy, mä kann einfach op eng speziell Housse zeréckgräifen, fir dat kee Sand a kee Waasser dru kennt. A well den Handy jo och net ze vill an der Sonn sollt leien, bléift en am beschten déi längsten Zäit am Rucksack – wann een op der Plage ass, sollt een souwisou probéieren, sou gutt wéi méiglech ofzeschalten. An dat geet erwisenermoossen am Beschten, wann een net déi ganzen Zäit op den Handy kuckt. Weider Informatiounen zum Thema Reese mat Smartphones fannt dir och op bee-secure.lu Quellen: freenet.de & detektor.fm.
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

Stuff You Should Know
Dateline NBC

Dateline NBC

Current and classic episodes, featuring compelling true-crime mysteries, powerful documentaries and in-depth investigations. Special Summer Offer: Exclusively on Apple Podcasts, try our Dateline Premium subscription completely free for one month! With Dateline Premium, you get every episode ad-free plus exclusive bonus content.

On Purpose with Jay Shetty

On Purpose with Jay Shetty

I’m Jay Shetty host of On Purpose the worlds #1 Mental Health podcast and I’m so grateful you found us. I started this podcast 5 years ago to invite you into conversations and workshops that are designed to help make you happier, healthier and more healed. I believe that when you (yes you) feel seen, heard and understood you’re able to deal with relationship struggles, work challenges and life’s ups and downs with more ease and grace. I interview experts, celebrities, thought leaders and athletes so that we can grow our mindset, build better habits and uncover a side of them we’ve never seen before. New episodes every Monday and Friday. Your support means the world to me and I don’t take it for granted — click the follow button and leave a review to help us spread the love with On Purpose. I can’t wait for you to listen to your first or 500th episode!

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.