All Episodes

March 19, 2018 2 mins
Mat 1,3 Milliarden User ass de Facebook-Messenger de meeschtbenotzen Messenger op der Welt. Ähnlech vill User huet just Whatsapp. Déi App gehéiert mëttlerweil zwar och zu Facebook, léisst sech awer nach ëmmer ouni Facebook-Account benotzen. Nieft chatten kann een mam Messenger och Video-Telefonéieren, Sproochnoriichten, Fotoen, Dateien asw. verschécken. An den USA kann een esouguer mam Messenger bezuelen. Do gëtt et zanter kuerzem och eng App fir Kanner. Déi dierfen Facebook zwar räicht mat 13 Joer benotzen, fir User vun 6 bis 13 Joer gëtt et awer elo „Messenger Kids“. Verschidden Organisatiounen warnen mëttlerweil virdrun, sou jonk Kanner iwwert eng App chatten ze loossen, well hinnen dat néideg Verständnis dofir feele géif. Allerdéngs huet „Messenger Kids“ fir Elteren vill Virdeeler: Si kënnen bestëmmen, mat wiem kommunizéiert ka ginn an ginn och benoriichtegt, wann hir Kanner Contenu u Facebook mellen. An Europa an domadder zu Lëtzebuerg gëtt et „Messenger Kids“ nach net. Et ass och net bekannt wéini et esouwäit sollt sinn. Een aneren Trend sinn déi sougenannt „Chatbots“. Mat deenen virtuellen Programm kënnen Firmen oder aner Organisatiounen hire Clienten Informatiounen automatesch matdeelen. Verschidden Fluchgesellschaften hunn ewell Chatbots, iwwert déi sech Informatiounen zu Reessen erfroen oder esouguer Ticketen buchen loossen. Och am Beräich vum Online-Dating gëtt et Chatbots, zum Beispill „neargroup“. Amplaz vu Fotoen soll een hei mat selwer kreéiertem Contenu zur Léift fannen. Allerdéngs sollt een bei esou Chatbots virsiichteg sinn: Et ass net ëmmer ganz kloer, wat fir eng Donnéeën un déi Firmen, déi d‘Chatbots ubidden, iwwerdroe ginn. Dofir sollt een, iert een esou Funktiounen benotzt, genee recherchéieren, wat dat heescht. Grondsätzlech sollt een oppassen, wat fir een Messenger een benotzt. De Contenu vum Facebook Messenger ass nämlech net Enn-zu-Enn verschlësselt. Dat heescht, dat aner Leit eventuell matliesen kënnen, wat een esou schreift oder verschéckt. Dofir ass et eng gutt Iddi, fir een verschlësselten Messenger ze benotzen. Een dovunner ass Signal, deem seng Verschlësselung am allgemengen als ganz gutt gëllt. Weider Informatiounen zu dësem Thema an generell zur Internetsécherheet fannt dir wéi gewinnt op bee-secure.lu
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

24/7 News: The Latest
Crime Junkie

Crime Junkie

Does hearing about a true crime case always leave you scouring the internet for the truth behind the story? Dive into your next mystery with Crime Junkie. Every Monday, join your host Ashley Flowers as she unravels all the details of infamous and underreported true crime cases with her best friend Brit Prawat. From cold cases to missing persons and heroes in our community who seek justice, Crime Junkie is your destination for theories and stories you won’t hear anywhere else. Whether you're a seasoned true crime enthusiast or new to the genre, you'll find yourself on the edge of your seat awaiting a new episode every Monday. If you can never get enough true crime... Congratulations, you’ve found your people. Follow to join a community of Crime Junkies! Crime Junkie is presented by audiochuck Media Company.

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show. Clay Travis and Buck Sexton tackle the biggest stories in news, politics and current events with intelligence and humor. From the border crisis, to the madness of cancel culture and far-left missteps, Clay and Buck guide listeners through the latest headlines and hot topics with fun and entertaining conversations and opinions.

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.