All Episodes

January 16, 2018 2 mins
Zanter dem Joerswiessel gëtt et grouss Opreeung an der IT-Welt. Dir hutt sécher schonn dovunner héieren, riets ass natierlech vun den Bugs, déi de Numm „Spectre“ an „Meltdown“ kritt hunn. Betraffen sinn bal alleguerten déi modern Computer. De Problem läit nämlech dorunner, wéi modern Prozessoren d‘Informatiounen verarbeschten. Kuerz erënnert: De Prozessor ass d‘Häerzstéck vun all Computer, deen een sech als grouss Rechenmaschinn virstelle kann. Wat ass dann elo de Problem bei Spectre an Meltdown? Een modernen Prozessor huet een Feature, deen sech speculative execution nennt. Den Prozessor kennt jo den Code vun engem Programm, deen ofleeft. Op verschiddenen Plazen muss hien allerdéngs op Input vum User wäerden. Fir méi séier ze sinn, spekuléiert de Prozessor, wat deen Input kéint sinn an rechent scho mol virun. A ville Fäll bréngt déi Technik méi eng grouss Vitesse fir den User, deen dovunner awer näischt matkritt. Wann den Input een aneren war wéi erwaard, gëtt déi Berechnung einfach verworf. Leider gëtt et an dem Prozess eben eng Sécherheetslück, déi dozou feiert, datt een Ugräifer kéint déi spekulativ Berechnung ofgräifen. Domadder kéint hien zum Beispill Passwierder offänken, ouni datt jee een déi aginn hätt. Et kéinten och Biller oder aner Donnéeën rekonstruéiert ginn, déi am Fong guer net méi an der Memoire sinn oder op déi den Ugräifer keen Zougrëff sollt hunn. Wat kann een elo maachen? Am Fong net vill, well esou gutt wéi all modernen Prozessor betraff ass. Allerdéngs hunn déi meescht Software-Hiersteller schonn Patches erausginn, déi op mannst de Meltdown-Bug verhënnere sollen. Dofir ass et wichteg, datt dir är Updates installéiert. An dat op all ären Geräter: dem Computer, dem Laptop, dem Tablet an dem Smartphone. Wann dir déi automatesch Updates aktivéiert, musst dir iech dorëms keng Gedanken maachen. Dir gesitt, datt sech villes an der Welt vun der Computersécherheet immens séier entwéckelen kann. Dofir ass et wichteg, um Currant ze bleiwen an informéiert ze sinn, fir séier reagéieren ze kënnen. Ech sinn iech also nach eng Kéier mäin Tipp vun der läschter Woch: Liked BEE SECURE op Facebook, abonnéiert dëse Podcast an gitt reegelméisseg op bee-secure.lu an informéiert iech. Méi Informatiounen: https://spectreattack.com/
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

24/7 News: The Latest
Crime Junkie

Crime Junkie

Does hearing about a true crime case always leave you scouring the internet for the truth behind the story? Dive into your next mystery with Crime Junkie. Every Monday, join your host Ashley Flowers as she unravels all the details of infamous and underreported true crime cases with her best friend Brit Prawat. From cold cases to missing persons and heroes in our community who seek justice, Crime Junkie is your destination for theories and stories you won’t hear anywhere else. Whether you're a seasoned true crime enthusiast or new to the genre, you'll find yourself on the edge of your seat awaiting a new episode every Monday. If you can never get enough true crime... Congratulations, you’ve found your people. Follow to join a community of Crime Junkies! Crime Junkie is presented by audiochuck Media Company.

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show. Clay Travis and Buck Sexton tackle the biggest stories in news, politics and current events with intelligence and humor. From the border crisis, to the madness of cancel culture and far-left missteps, Clay and Buck guide listeners through the latest headlines and hot topics with fun and entertaining conversations and opinions.

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.