All Episodes

November 13, 2017 3 mins
Haut kritt dir am BEE SECURE Podcast e klengen Sneak Peek op den nächsten Deel vun der BEE SECURE Kampagne zum Thema BIG DATA. Bei Big Data geet et jo dorëmmer, datt mir een Bewosstsinn dofir hunn, wien wat fir eng Donnéeën vun eis sammelt a wat domadder kéint geschéien. Een Schlagwuert wat bei dem Thema ëmmer erëm fält, datt den Terme „Algorithmus“. Heiansdo héiert een esouguer Saachen wéi „Algorithmen beherrschen d‘Welt“. Dobäi ass een Algorithmus als alleréischt mol näischt aneres wéi een Rezept, no deem eppes ofleeft. A wann ech Rezept soen, dann ass dat guer net falsch, well all Kachrezept ass am Fong och een Algorithmus. Een Algorithmus seet dem Computer also, wéi hien mat Donnéeën ëmgoen soll. Dobäi ass ëmmer kloer, wat den nächste Schratt ass. Bei engem klasseschen Algorithmus kënnt beim selwechten Input och ëmmer dat selwecht Resultat eraus. Et ginn mëttlerweil awer och aner Techniken, fir besonnesch mat groussen Bierger vun Donnéeën ëmzegoen. Een dovunner ass zum Beispill d‘Heuristik. Eng Heuristik baséiert dacks op Zoufallsvariablen. Si gëtt benotzt, wann et ze laang géif daueren, fir eng exakt, optimal Léisung ze fannen. Heuristiken ginn zum Beispill dacks benotzt, wann een eng Route sicht. Een anere Begrëff, deen dir sécher schonn dacks héieren hutt, ass d‘kënschtlech Intelligenz. An deem Beräich ass an de leschte Jore vill gefuerscht ginn, an grad zum Beispill beim Erkenne vun Biller sinn vill Fortschrëtter gemaach ginn. Eng Technik, déi besonnesch Erfolleg hat, nennt sech Deep Learning. Mat Hëllef vun Algorithmen ass een menschlecht Gehier, bzw. d‘Nervenzellen doranner, nogebaut ginn. Sou engem kënschtlecht neurolalt Netz gëtt dann mat Informatiounen gefiddert an „léiert“ dann verschidden Konzepter. Dat funktionéiert dann gutt, wann et schwiereg wier, all eenzelen Fall per Hand ze programméieren. Een Fall ass zum Beispill d‘Handschrëft-Erkennung, wou mat Deep Learning séier Erfolleger geféiert konnte ginn. Aner Gebidder, wou Deep Learning agesat ass, sinn Medezinesch Diagnoseverfahren, Erkennen vu Kreditkaartebedruch, DNA-Analys an esouguer Systemer wéi Autoen, déi sech selwer Steieren. Dat ganzt huet dann awer och vill Problemer. Deelweis ass et immens einfach, d‘Algorithmen auszetricksen. Dës Läscht ass een Fall bekannt ginn, wou een an engem Bild vun enger Schildkröt just ee Pixel geännert huet – an dunn huet den Algorithmus gemengt, et wier eng Maschinnepistoul. Je nodeem, wat fir eng Grondlag mir dem Computer ginn, fir ze leieren, kann et sinn, datt den Algorithmus duerno och Viruerteeler huet, well dat am Ausgangsmaterial esou war. Den Algorithmus ass dann net neutral, mä genee esou virageholl wéi e Mënsch. Dat war elo e klengen Iwwerbléck iwwert Thema Algorithmen. Méi dozou fannt dir ganz geschwënn op bee-secure.lu an eisem Dossier BIG DATA.
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

24/7 News: The Latest
Crime Junkie

Crime Junkie

Does hearing about a true crime case always leave you scouring the internet for the truth behind the story? Dive into your next mystery with Crime Junkie. Every Monday, join your host Ashley Flowers as she unravels all the details of infamous and underreported true crime cases with her best friend Brit Prawat. From cold cases to missing persons and heroes in our community who seek justice, Crime Junkie is your destination for theories and stories you won’t hear anywhere else. Whether you're a seasoned true crime enthusiast or new to the genre, you'll find yourself on the edge of your seat awaiting a new episode every Monday. If you can never get enough true crime... Congratulations, you’ve found your people. Follow to join a community of Crime Junkies! Crime Junkie is presented by audiochuck Media Company.

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show. Clay Travis and Buck Sexton tackle the biggest stories in news, politics and current events with intelligence and humor. From the border crisis, to the madness of cancel culture and far-left missteps, Clay and Buck guide listeners through the latest headlines and hot topics with fun and entertaining conversations and opinions.

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.