All Episodes

January 22, 2018 2 mins
D‘Fro, wat fir Medien een selwer seriéis fënnt, ass net ëmmer immens einfach ze beäntwerten. Souguer Medien, déi ëffentlech-rechtlech sinn, hunn heiansdo eng „Carte blanche“ fir Leit, déi dës Tribün benotzen, fir allerlee Kabes ze erzielen. Och Facebook stellt sech elo déi Fro. Dëst am Kontext vun den US-Präsidentenwahlen vun 2016. Dir hutt sécher matkritt, datt Russland virgeworf gëtt, iwwert déi sozial Medien – an do spillt Facebook déi wichtegst Roll – dëse Wahlkampf manipuléiert oder beaflosst ze hunn. Dobäi sollen déi sougenannt „Fake News“ eng grouss Roll gespillt hunn. Gemengt sinn domadder Sitten, déi zwar wéi normal Noriichtesitten ausgesinn, mä an der Reegel just Ligen oder verdréinte Wourechten verbreeden. Dacks gëtt och einfach eng kruzial Informatioun ewechgelooss oder een falschen Kontext uginn. Facebook wëll elo seng User froen, fir datt si aschätzen, wéi eng Medien seriéis sinn a wat fir eng net. Schonn elo géif dat sozialt Netzwierk seng Notzer heiansdo froen, ob eng bestëmmten Story hinnen gefall hätt. Op dem Mechanismus soll dann och d‘Medien-Bewäerten funktionéieren. Een Problem, deen dobäi awer besteet, ass folgenden: Vill Leit bewäerte Medien net duerno, ob se journalisteschen Kritären standhalen an sech un een Code de Déontologie halen, mä duerno, ob dat wat si liesen hirem Bléck op d‘Welt entsprécht. Zanter e puer Wochen huet Facebook och um Algorithmus vum Newsfeed geschrauft. D‘User solle méi vun hiren Frënn an hirer Famill gesinn, an manner vun Medien-Siten. Ob sech dat allerdéngs wierklech sou staark auswierkt, bléift ze bezweifelen. Ech hunn op mannst – bis op de Message vu Facebook, datt elo alles aneschters wier – net vill Ännerungen bemierkt. Wann dir wëllt méi iwwert de Phänomen Fake News gewuer ginn, kënnt dir iech den Dossier vu BEE SECURE dozou duerchliesen. Dir fannt en op eisem Internetsite bei der Kampagne zu Hate Speech. Fir weider um Currant ze bleiwen, wat Internetsécherheet ugeet, hunn ech och nach een Tipp fir iech: Liked BEE SECURE op Facebook, abonnéiert dëse Podcast an gitt reegelméisseg op bee-secure.lu. Quelle: https://www.zdf.de/nachrichten/heute/facebook-will-nutzer-befragen-zu-falschnachrichten-100.html
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

24/7 News: The Latest
Crime Junkie

Crime Junkie

Does hearing about a true crime case always leave you scouring the internet for the truth behind the story? Dive into your next mystery with Crime Junkie. Every Monday, join your host Ashley Flowers as she unravels all the details of infamous and underreported true crime cases with her best friend Brit Prawat. From cold cases to missing persons and heroes in our community who seek justice, Crime Junkie is your destination for theories and stories you won’t hear anywhere else. Whether you're a seasoned true crime enthusiast or new to the genre, you'll find yourself on the edge of your seat awaiting a new episode every Monday. If you can never get enough true crime... Congratulations, you’ve found your people. Follow to join a community of Crime Junkies! Crime Junkie is presented by audiochuck Media Company.

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show

The Clay Travis and Buck Sexton Show. Clay Travis and Buck Sexton tackle the biggest stories in news, politics and current events with intelligence and humor. From the border crisis, to the madness of cancel culture and far-left missteps, Clay and Buck guide listeners through the latest headlines and hot topics with fun and entertaining conversations and opinions.

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.