All Episodes

June 5, 2017 2 mins
D‘läscht Woch hu mir op dëser Platz eis jo ugekuckt, wat een Troll ass a wéi een mat deenen ëmgoe kann. Dës Woch werfen ech de Bléck op een Phänomen, deen am Fong e bëssi Famill ass mam trolling, nämlech de Shitstorm. Wat ass eigentlech ee Shitstorm? D‘Wuert ass Englesch an heescht „Stuerm aus Schäiss“. Et geet dobäi ëm eng emotional opgelueden Diskussioun, déi sech an ganz ville rosene Postings oder Kommentaren entluet. Zilscheif sinn dacks Firmen, Organisatiounen, Parteien, Politiker oder Produkter. Duerch Liken an Deelen an sozialen Netzwierker gëtt et een Schnéiballeffekt: ëmmer méi Leit gesinn de Shitstorm a bedeelegen sech. Charakteristesch fir Shitstorms ass, datt d‘Kommunikatioun enorm emotional ass an fir rational Argumenter bal keng Plaz méi ass. Doduercher gëtt et fir all déi Betraffe schwéier, aus dem Däiwelskrees eraus ze kommen. Et gi vill Shitstorms, déi géint eng Firma ginn – an dacks sinn d‘Grënn dofir fir vill Leit nozevollzéien. Och wann den Tounfall do dacks ze wënschen iwwreg léisst, huet dat awer méi mat Firmenkommunikatioun ze di wéi mat Hate Speech. Geféierlech gëtt et do, wou sech Shitstorms géint kleng Gruppen oder esouguer eenzel Persoune riichten. Virun allem jonk Fraen, déi am Internet hir Meenung soen, ginn dacks Affer vun sou Shitstorms a musse wochelaang Haass-Messagë liesen. Sou zum Beispill déi däitsch Politikerin Julia Schramm oder d‘Feministin Jasna Strick. E gutt Beispill ass och déi sougenannt „Gamergate“-Affär, wou et wochelaang Shitstorms géint Kritikerinne wéi d‘Zoe Quinn oder d‘Anita Sarkeesian gouf. Wann een selwer am Mettelpunkt vun engem Shitstorm steet, sollt een als alleréischt versichen, sech selwer ze schützen. Dozou gehéiert d‘Sécherheet vun den eegenen Accounts, déi iwwerpréift sollt ginn. Ausserdeem sollt een versichen, sou vill wéi méiglech privat Donnéeë vum Netz ze huelen an verëffentlecht Informatiounen erëm läsche loossen. All Dreeung sollt dogéint dokumentéiert ginn, dat heescht et sollt een vun alles Screenshots maachen an déi och op engem Stick oder an der Cloud späicheren. Domadder kann een da spéider bei d‘Police goen an Plainte maachen. Mord- a Vergewaltungsdrohungen si kee Kavaléiersdelikt an sollten op alle Fall bei der Police gemellt ginn. Dee wichtegsten Aspekt ass awer, sech Hëllef ze sichen. Wann een Zil vun engem Shitstorm ass, sollt een aner Leit seng social media Kanäl monitoren loossen, fir selwer méiglechst wéineg liesen ze mussen. Hëllef kann een och bei BEE SECURE op der Helpline fannen. Weider Informatiounen zu dem Thema an vill weider Ressourcen zum Thema Shitstorms fannt dir an eisem Dossier op bee-secure.lu
Mark as Played

Advertise With Us

Popular Podcasts

Stuff You Should Know
Dateline NBC

Dateline NBC

Current and classic episodes, featuring compelling true-crime mysteries, powerful documentaries and in-depth investigations. Special Summer Offer: Exclusively on Apple Podcasts, try our Dateline Premium subscription completely free for one month! With Dateline Premium, you get every episode ad-free plus exclusive bonus content.

On Purpose with Jay Shetty

On Purpose with Jay Shetty

I’m Jay Shetty host of On Purpose the worlds #1 Mental Health podcast and I’m so grateful you found us. I started this podcast 5 years ago to invite you into conversations and workshops that are designed to help make you happier, healthier and more healed. I believe that when you (yes you) feel seen, heard and understood you’re able to deal with relationship struggles, work challenges and life’s ups and downs with more ease and grace. I interview experts, celebrities, thought leaders and athletes so that we can grow our mindset, build better habits and uncover a side of them we’ve never seen before. New episodes every Monday and Friday. Your support means the world to me and I don’t take it for granted — click the follow button and leave a review to help us spread the love with On Purpose. I can’t wait for you to listen to your first or 500th episode!

Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.