RTL - Automag

RTL - Automag

Episodes

July 14, 2025 18 secs
Haut um franséischen National Feierdag och am Automag en Auto "Made in France".

E neien DS. An zwar de „numéro huit“. Jo den DS 8 ass de Spëtzemodell an der Gamme. Kënnt reng elektresch op de Marché, an e ganz bekannte Personnage huet dësen elo als Dingscht Limousinne.
Op der internationaler Presentatioun war fir eis de Christian Schmit mat dobäi. Salut Christian, da looss emol d’Kaz aus dem...
Mark as Played
Wann ee vun der Mark Mini schwätzt, dann ass et net iwwerdriwwen, datt ee vun enger Legend schwätzt. Viru kuerzem hat Mini op ee sougenannten Experience Day invitéiert, wärend deem ee konnt mat engem kleng "Flitzer", duerch de Grand-Duché fueren. Fir eis Automag Ekipp, war de Rich Simon bei dësem Event mat dobäi....
Mark as Played
Monaco a Monte Carlo, eng Plaz wou et vun Dram Autoen an exclusive Gefierer nëmmen esou wimmelt. Genee do ass den Automag haut op Besuch, wëll et hat e Geleeënheet sech d'Collection de son Altesse le Prince Albert de Monaco unzekucken. Mir hunn eis di nei Location vum Valérie Clausier weisen an erkläere gelooss. 
Mark as Played
Renault huet et scho mam neie R5 erlieft an direkt duerno den R4 lancéiert - Retrodesign ass nees in! Am Fong fir Fiat näischt Neies, schliisslech hu si virun 20 Joer mat der Neioplag vum legendäre 500er grousse Succès gehat. An dat soll elo mat der nächster Ikon esou goen - an der Fiat-Heemecht Turin gouf elo de Grande Panda als Hybrid lancéiert an de Paul Origer war fir eis dobäi.
Mark as Played
Den neie Cupra Terramar hat schonn e puer Optrëtter hei op der Antenn. No der Hybrid-Versioun stoung elo een Alldagstest vum Bensinner um Programm. De Paul Origer ass den Terramar VZ TSI fir eis gefuer!
Mark as Played
Haut heescht et "Bella Italia" am Automag. Jo et geet em Alfa Romeo déi elo di ganz Gamme als "Intensa" Modeller virgestallt hunn.
De Christian Schmit war fir eis op deem Alfa Familjentreffen dobäi, a verréit eis wat sech do derhannert verstoppt.
 
Mark as Played
June 16, 2025 19 secs
No manner wéi 3 Joer krit de Renault Austral schonn e Facelift. An do hunn d'Fransousen hir Hausaufgaben erleedegt. Souwuel optesch wéi och technesch Nouveautéiten krit den Austral mat op d'Rees. Am haart ëmkämpfte Segment vun de Kompakt-SUV weess hien domat duerchaus z'iwwerzeegen.
Mark as Played
June 5, 2025 8 secs
Haut am Automag « Made in Japan“. Et steet e Mazda am Mëttelpunkt, an zwar de Modell 3. Do koum elo vrun allem Neits ënnert d’Hauf.
De Christian Schmit hat dësen am Test.
Mark as Played
Mam Elroq lancéiert Skoda net aleng hiren zweeten, reng elektreschen Auto, mee si starte virun allem an engem haart emkämpfte Segment, dat vum kompakten SUV. Ass den Elroq just eng MEB-Plattform mat Skoda-Logo, oder huet den tschechesche Brudder vun ID.5 a Co besonnesch Talenter? De Paul Origer huet dat fir eis an engem kuerzen Alldagstest erausfonnt.
Mark as Played
Haut gëtt et am Automag ganz exklusiv, de Weekend gouf nämlech an Italien eng nei Autosmark gebuer, an do huet RTL net dierfe feelen. De Chris Schagen huet de Weekend um Comer-Séi verbruecht a war bei engem ganz besonnesche Moment mat dobäi.
Mark as Played
May 22, 2025 11 secs
Iwwer 8 Millioune mol gouf de Renault 4 vun 1961 bis 1992 verkaf. Elo steet e Nofollger vun der R4 an de Startlächer. Di international Presentatioun war dëser Deeg a Portugal, an de Christian Schmit war fir eis dohinner. Mëtteg Christian
Mark as Played
Knapp 4 Joer sinn et hir, dat Kia hiren éischten als rengen Elektroauto konzipéierten EV6 lancéiert hunn. Deemools war et net nëmmen deen opfällegen Design mee och déi ultramodern Technik, déi den EV6 vun der Konkurrenz ofgehuewen huet. Wéivill elo beim Facelift moderniséiert gouf, dat huet de Paul Origer a sengem Alldagstest erausfonnt.

Mark as Played
Fir déi eng Kult an eng Ikon, fir déi aner een absurd Relikt aus enger anerer Zäit – mee eent steet fest: bal keen anere konnt sech esou laang am Auto-Universum behaapten wéi d’Mercedes-G-Klass. Fir hir eng weider Chance ze ginn, wollt Mercedes de G-Dinosaurier op modern Zäiten virbereeden an huet em méi wéi een Elektromotor ageplanzt. Ob verschidde Fans zu Recht geschockt sinn, dat huet de Paul Origer an engem kuerzen Alldagstest ...
Mark as Played
Iergendwéi richt et hei schonn no Bensinn… am Automag vun haut steet nämlech e Modell am Mëttelpunkt, dee méi dacks bei der Tankstell bäifiert. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp ass bei mir, an du haas de Cupra Leon Sportstourer VZ am Test...
Mark as Played
Big, Bigger, Bigster – Dacia presentéiert dee bis elo gréisste Modell vun hirer Gamme a feiert an engems Première am Segment vun den C-SUV. Ob de groussen Dacia dat erfëllt, wat e versprécht, dat huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Aix en Provence erausfonnt.
Mark as Played
Wann een un Elektroautoen denkt, kënnt engem automatesch och den Tesla an de Kapp. Genee esou een huet eis Automag Ekipp am Test gehat. Den Akim Schmit iwwert den neie Model Y.
Mark as Played
Nee, déi klassesch Limousine ass nach ëmmer am Rennen, och wann eist Stroossebild haaptsächlech vun SUV an heiansdo nach Kombien dominéiert gëtt. Op verschiddene Mäert ass d’Limousine esou guer richteg beléift – aus deem Grond lancéiert vu sengem neien A6 och nees eng 4-diereg Sedan-Versioun. De Paul Origer duerft sech zu Porto d’A6 Limousine als Avant-Première schonn emol ukucken.
Mark as Played
April 21, 2025 19 secs
Et ginn Autoen, déi polariséieren, nach éier se wierklech um Marché sinn, respektiv éier ee se iwwerhaapt déi éischte Kéier op eise Stroosse gesäit. A genau esou ee Modell hat den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun am Mäerz e puer Deeg fir ze testen. Ech géif et mol resuméiere mam zesummegesate Wuert «Power-Kombi».
Mark as Played
April 17, 2025 25 secs
Den VW ID Buzz kritt méi Muskelen, a geet an d'Verlängerung. Esou kéint een den Automag vun haut iwwerschreiwen. 
Wéi grouss a wéi staark ass deen dann elo? De Christian Schmit hat en am Test, salut Christian... 
Mark as Played
April 14, 2025 21 secs
E Bestseller gouf bei d'Visagistin geschéckt. Dat d'Iwwerschrëft haut am Automag. No 4 Joer gouf bei Skoda de Modell Enyaq iwwerschafft. Wat koum dobäi eraus? De Christian Schmit war fir eis mat op di international Presentatioun. Salut Christian...
Mark as Played

Popular Podcasts

    If you've ever wanted to know about champagne, satanism, the Stonewall Uprising, chaos theory, LSD, El Nino, true crime and Rosa Parks, then look no further. Josh and Chuck have you covered.

    Dateline NBC

    Current and classic episodes, featuring compelling true-crime mysteries, powerful documentaries and in-depth investigations. Follow now to get the latest episodes of Dateline NBC completely free, or subscribe to Dateline Premium for ad-free listening and exclusive bonus content: DatelinePremium.com

    On Purpose with Jay Shetty

    I’m Jay Shetty host of On Purpose the worlds #1 Mental Health podcast and I’m so grateful you found us. I started this podcast 5 years ago to invite you into conversations and workshops that are designed to help make you happier, healthier and more healed. I believe that when you (yes you) feel seen, heard and understood you’re able to deal with relationship struggles, work challenges and life’s ups and downs with more ease and grace. I interview experts, celebrities, thought leaders and athletes so that we can grow our mindset, build better habits and uncover a side of them we’ve never seen before. New episodes every Monday and Friday. Your support means the world to me and I don’t take it for granted — click the follow button and leave a review to help us spread the love with On Purpose. I can’t wait for you to listen to your first or 500th episode!

    The Bobby Bones Show

    Listen to 'The Bobby Bones Show' by downloading the daily full replay.

    The Joe Rogan Experience

    The official podcast of comedian Joe Rogan.

Advertise With Us
Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.