RTL - Hollywood Reporter

RTL - Hollywood Reporter

Episodes

July 6, 2025 2 mins
Bekannten Hollywood Acteuren an Actricen, déi Pub maachen. Haut dat normaalst vum Normalen, ma dat war net ëmmer esou. Pit Biwer.
Mark as Played
Haut gesi mir se an hire Villaen a mat Designer-Kleeder um rouden Teppech. Mä et war net ëmmer esou. Net all Acteur ass räich op d’Welt komm. Fir vill war et en haarde Start mat Geldsuergen, klengen Appartementer a grousser Hoffnung. Sarah Jessica Parker, Mark Wahlberg oder Hilary Swank. Si alleguer hunn eng Geschicht, déi net mat Glanz ugefaangen huet. De Pit Biwer kuckt sech déi méi rau Ufäng vun e puer Hollywood-Staren un.
Mark as Played
June 26, 2025 2 mins
Wat fir Normalstierflecher en Taxi ass, ass fir Filmstaren d'Limousine. Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer hëlt eis mat hanner d'Kulissen...
Mark as Played
June 22, 2025 2 mins
Als Promi huet een e gewëssen Afloss op d'Leit. Vill bekannt Dammen an Hären profitéieren vun hirem bekannten Numm fir gutt Causen ze ënnerstëtzen. Wien sech alles fir de gudden Zweck asetzt, richteg bekannt Nimm, huet den Hollywood-Reporter lo gläich am Gepäck.
Mark as Played
De Pit Biwer war dës Kéier mol a seng Archive kucken an ass do op en Interview mam Billy Wilder gestouss, deen dëst Joer 119 Joer al gi wär. Mam Billy Wilder verbënnt ee Filmer wéi Some Like It Hot, Sunset Boulevard oder The Apartment. Den Hollywood Reporter hat d'Legend virun hirem Doud am Joer 2002 virum Mikro.
Mark as Played
June 12, 2025 2 mins
Si si bekannt aus Hollywood an net just op der grousser Leinwand doheem. E puer vun hinne kënnen méi, wéi nëmmen Dialogen auswenneg léieren: Si si Méisproocheg, hunn Ofschlëss vun Elitteuni’en a publizéieren akademesch Aarbechten.
An dat ganz ouni Stuntdouble.
De Pit Biwer kuckt op déi Acteuren, déi net nëmme mat Talent, mee och mat engem bemierkenswäerte Kapp iwwerzeegen. E puer Nimm wäerte Iech iwwerraschen.
Mark as Played
June 8, 2025 2 mins
Och d'Filmwelt zu Hollywood ass net virum amerikanesche President sécher. Och do wëll hien e Machtwuert matschwätzen. Detailer huet eisen Hollywood Reporter Pit Biwer.
Mark as Played
June 5, 2025 2 mins
Hollywood feiert 100 Joer Tony Curtis. Eng Legend, Fräigeescht an e Faibel fir d'Konscht. Hien stoung net just op der Bün, hien eng Ära definéiert.
Säi Liewen: wéi seng Rollen – expressiv, onkonventionell, a voller Faarf. De Pit Biwer
Mark as Played
June 1, 2025 3 mins
Et gëtt kee Star, deen eisen Hollywood Reporter Pit Biwer net virun de Mikro kritt. Haut stinn e puer méi Käerzen um Kuch...
Mark as Played
May 29, 2025 2 mins
Dréiaarbechten vun Horizon 3 lafen an de Kevin Costner erkläert wourop et bei him ukënnt, fir sech fir en Dréibuch ze entscheeden. Och d'Ëmwelt spillt zu Hollywood eng grouss Roll bei den Acteuren, de Pit Biwer mat Nimm, déi sech staark fir den Ëmweltschutz asetzen a munch engem och finanziell ënnert d'Äerm gräifen. 
Mark as Played
May 15, 2025 2 mins
Wéi ee Film verbënnt esou vill Emotiounen, Nostalgie a Kino-Magie wéi E.T.? Wéi den Steven Spielberg säin Ausserierdeschen haut gesäit – a wat d’Drew Barrymore nach ëmmer domat verbënnt dat erzielt elo de Pit Biwer.
Mark as Played
1987 war Dirty Dancing dee mega Succes, an den Haaptrollen Patrick Swayze an Jennifer Grey. Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer kuckt op dëse entretemps Kultfilm zréck.
Mark as Played
May 8, 2025 2 mins
Et hätt alles ganz anescht kënne kommen. Wéi eng Filmer wiere komplett anescht, wann net Lucy Liu, Tom Cruise oder Al Pacino op der Leinwand ze gesi gewiescht wieren, mee aner Staren? Vill bekannte Rollen waren ursprénglech fir aner Acteuren geduecht – bis se sech spontan ëmentscheet hunn. Hei eng spannend Rees duerch déi „wat wier wann…?“-Momenter zu Hollywood.
Mark as Played
May 1, 2025 2 mins
Kultfilmer musse bleiwen wéi se sinn. Et geet net fir u grousse Wierker eppes ze veränneren och wa KI dat méiglech mécht. Dofir schwätzen sech grouss Hollywood Regisseuren wéi Martin Scorsese oder George Lucas beim Pit Biwer am Interview aus. Donieft gitt Der méi gewuer iwwer den EGOT, de Ritterschlag wann een esou wëll an der Filmbranche.
Mark as Played
D'Sandra Bullock, den Tom Hanks, de Keanu Reeves oder d'Cameron Diaz sinn net nëmme gutt Schauspillerinnen, mee och gutt Geschäftsleit! E puer vun hiren Deals ginn zu Hollywood als legendär ugesinn, Pit Biwer.
Mark as Played
April 10, 2025 2 mins
Den Hollywood Walk Of Fame éiert net nëmme Staren. Si ginn och alt emol gäre benotzt, fir de Respektive Promien ze weisen, wat ee vun hinnen hält. Den Donald Trump oder och de Bill Cosby kruten dat iwwer dëse Wee alt scho mol ze spieren. Ee Spezialist hat sech dann och eppes Besonnesches fir de Stär vum John Lennon afale gelooss. De Pit Biwer mat den Anekdoten.
Mark as Played
An deem Kader huet eisen Hollywood-Reporter Pit Biwer en Interview vun der verstuerwener Schauspillerin Janet Leigh aus sengem Archiv gekroomt. D'Janet Leigh schwätzt am Interview iwwert déi feelend Gläichberechtegung zu Hollywood a wéi si probéiert huet, hir Duechter Jamie Leigh Curtis op de raue Filmbusiness virzebereeden.
Mark as Played
April 3, 2025 2 mins
Am Alter vu 65 Joer ass de Val Kilmer verstuerwen. Säin Dout huet net nëmmen zu Hollywood groussen Trauer ausgeléist, och hei am Land hu vill Leit an de soziale Medien hieren Trauer ausgedréckt. De Pit Biwer erënnert sech un e puer Blockbuster vum Schauspiller zeréck, notamment un de Film Batman an deem domat verbonnene schwéiere Kostüm.
Mark as Played
March 30, 2025 2 mins
De Quentin Tarantino huet dem Pit Biwer Detailer iwwer säin neien a villäicht leschte Film a senger Karriär verroden. An de Kult-Regisseur seet eis och firwat hien sech dofir asetzt, dass zu Los Angeles nees al Filmer an de Kinoe lafen.
Mark as Played
March 27, 2025 2 mins
Virun 33 Joer huet "Basic Instinct" d'Sharon Stone zum Weltstar gemaach. Eng Zeen am Film huet deemools fir vill Diskussiounen gesuergt. De Pit Biwer kuckt haut op dëse markante Moment am Kino zeréck a schwätzt ënnert anerem mat der Schauspillerin an dem Produzent iwwert Changementer am Filmbusiness an dass et vill Ellementer ginn, déi e Film beaflosse kënnen.
Mark as Played

Popular Podcasts

    If you've ever wanted to know about champagne, satanism, the Stonewall Uprising, chaos theory, LSD, El Nino, true crime and Rosa Parks, then look no further. Josh and Chuck have you covered.

    The Joe Rogan Experience

    The official podcast of comedian Joe Rogan.

    24/7 News: The Latest

    The latest news in 4 minutes updated every hour, every day.

    The Breakfast Club

    The World's Most Dangerous Morning Show, The Breakfast Club, With DJ Envy And Charlamagne Tha God!

    Dateline NBC

    Current and classic episodes, featuring compelling true-crime mysteries, powerful documentaries and in-depth investigations. Follow now to get the latest episodes of Dateline NBC completely free, or subscribe to Dateline Premium for ad-free listening and exclusive bonus content: DatelinePremium.com

Advertise With Us
Music, radio and podcasts, all free. Listen online or download the iHeart App.

Connect

© 2025 iHeartMedia, Inc.